Page 93 - Brochure_finale_170418_V1
P. 93

Wou dunn där Schof hu misse stierwen,
            gerass si ginn aus hirem Liewen,
            du wor s et,  et ka keen Zweifel ginn
            keen anere  kann et  gewiescht soss sinn,
            deen gemaach déi Dot déi grujeleg
            hei zu Lëtzebuerg  wou alles soss sou heemeleg.
            Séier ginn elo  e d'Prouwen analyséiert
            fir gewuer ze ginn, wien eis Rou do huet gestéiert.

            No laangen Deeg koum d Nouvelle dunn,
            et ass en, elo si mir nees ganz ellen drun.
            Wat solle mir maachen dann elo
            Oh méi, dat dote gëtt ganz schro
            Solle mer hien nees erschéissen
            kenne mer eist d Liewe nach genéissen
            Polemik gouf gemaach duerch d'Land,
            um Radio, Fernseh, Facebook, elo fäert erëm all Kand.




            Zu  Leideleng do si mer stolz, erfëllt vu Gléck
            fir ons Feier vun der Musek do bass de zréck.
            1893 verschwonnen, bass du nees opgedaucht
            dech kuerz gewisen, vun der Rees  geschlaucht ,
            nees op de Wee gemaach fir  een neit Doheem ze fannen
            ze grënnen eng Famill  a mat der Natur erëm nei ze plangen.


            Du bass erëm do.
            Wollef gëff eis keng Plo.


                                                            Guy Grosber 2018





                                          91
   88   89   90   91   92   93   94   95   96   97   98