Page 67 - testmergebrochureV1004
P. 67

Des Situatioun ass och der Musekskommissioun vun der Leidelenger Gemeng net
               entgaangen an et gouf no Léisunge gesicht. Am Laf vum Schouljoer 2007/2008 ass
               dann   décidéiert   ginn,   en   Ensemble   Instrumental   am   Kader   vun   der   UGDA-
               Museksschoul ze grënnen. De Succès war grouss, an op Anhieb hunn net manner
               wéi 9 Musikanten sech desem Ensembel ugeschloss, dee während 6 Joer ennert
               der Leedung vum Georges Sadeler fonktionnéiert huet.





































               Si hun net nemmem op der jährlecher UGDA-Museksaudition mat uschléissender
               Diplomiwwerreechung gespillt, mee sinn och nach ugetruede bei verschiddene
               lokale   Veräiner   fir   déi   jeeweileg   Feieren   ze   verschéineren,   resp.   hun
               Austauschconcerte mat aneren „Jugendmuseken“ gespillt. Am Laf vun deser Zäit
               huet dësen Ensembel sech weiderentwéckelt, an et hu missen 2 Gruppe gemeet
               ginn, déi dem jeweilege Niveau vun de Kanner entsprach hun. An der Saison
               2014/2015 huet dunn de Patrick Wilhelm d‘Zepter vum Ensemble Instrumental
               iwwerholl, ier et 2015/2016 zu enger wesentlecher Ännerung komm ass.
   62   63   64   65   66   67   68   69   70   71   72