Page 15 - allbrochureV1304
P. 15

Vill Gléck …

















              Gérard Louis




            Gebuertsdag feieren ass ëmmer eppes Besonnesches. A wann et
            dann nach sou een héijen ass, da muss dat extra gefeiert ginn.
            Ganz houfreg kann ee si fir e Veräin ze leeden deen sech iwwert déi
            lescht Joren ganz gudd weiderentwéckelt huet, an deen säin 125.
            Gebuertsdag   feiert.   Domatter   wëlle   mer   d'Grënner   an   och   all
            d'Memberen ob Aktiv oder Supporter, déi iwwert sou vill Joren der
            Musek hiert d'Häerz verschriwwen hunn, op eng ganz besonnesch
            Aart a Weis éieren.

            125 Joer ass ee laangen Dag a wa mer an de Joren zréckbliederen,
            war   et   net   ëmmer   einfach.   Am   Ufank   gouf   et   d’Fanfare   de
            Leudelange‘, da wor mol Kaméidi am Duerf an et sinn op emol 2
            Museken zu Lëdeleng gi wat sech awer zum Gudde geléist huet.
            Duerno koumen déi zwee Kricher an do war et souguer verbuede fir
            Musek ze maachen. An dach huet d'Musek iwwerlieft.

            Iwwert all déi laang Jore waren d'Musikanten awer ëmmer gutt
            encadréiert, vun hire Comitéen, a vun hiren Dirigenten a Sous-
            Cheffen. No etlech Joren ass och Theater spillen dobäi komm, wat
            leider momentan e bëssen ze kuerz kënnt awer sécherlech nees
            emol opbléie wäert.
   10   11   12   13   14   15   16   17   18   19   20