Page 8 - allbrochureV1304
P. 8

Nieft   der   Haaptformatioun   gouf   déi   méi   kleng   a   flexibel
            Formatioun d’Musikussen  gegrënnt. Mir wëllen awer och déi
            Leidelenger   Crescendi       ervirhiewen,   de   Kanner-a
            Jugendensembel   vun   der   Musek,   déi   viru   ronn   dräi   Joer
            gegrënnt gi sinn an déi e wichtege Schrëtt an der Ausbildung
            vum   Nowuess   vun   engem   Museksveräin   duerstellt.   Et   ass
            wichteg,   d’Kanner   an   déi   Jonk   scho   ganz   fréi
            zesummenzebréngen an d’Freed un der Musek ze entwéckelen.
            Dat,  wat  all  déi   Leit,  déi   sech  an  der  Leidelenger  Musek
            engagéieren, verbënnt, ass d’Freed un der Musek. Eréischt
            wann et Freed mécht, kann ee seng Begeeschterung un de
            Publikum weidervermëttelen.


            Wéi schéin ass et dach ze gesinn, wann an enger Musek d’Leit
            zesummekommen. Jonker a manner Jonker, déi hiert Bescht
            ginn, fir aus deenen doudege Punkten a Strécher um Nouteblat
            eppes   Lieweges   ze   schafen   an   domat   och   Gefiller   ze
            vermëttelen.


            D’Leidelenger   Musek   feiert   dësen   125.   Gebuertsdag   mat
            engem villsäitegen a faarwege Programm. Sou huet se sech
            zum Beispill vum talentéierte jonke Komponist Ivan Boumans
            eng   Kompositioun   op   d’Mooss   schreiwe   gelooss,   ee   ganz
            perséinlecht Wierk mam Titel  The Spirit of “A JACQUEN”.
            Dat ass den Hausnumm vum deemolege Café Nicolas Biver,
            wou 1893 d’Leidelenger Musek als Fanfare gegrënnt gouf. Den
            Ivan Boumans huet sech un der Geschicht vun der Leidelenger
            Musek   inspiréiert   an   huet   déi   wichteg   Etappe   musikalesch
            beschriwwen. Dës Iddi huet eis esou begeeschtert, datt mir
            direkt bereet waren, dës Kompositioun ze finanzéieren. Et ass
            ze begréissen, wann esou e Veräin ewéi d’Leidelenger Musek
            zu der Lëtzebuerger Kreatioun bäidréit. Esou ginn nei Wierker
            mat engem bleiwende Wäert geschaf.
   3   4   5   6   7   8   9   10   11   12   13