Page 10 - Brochure_finale_V2
P. 10
A fir di kommend Generatioune ass gutt virgesuergt well
d’Jugendaarbecht bei der Leidelenger Musek een zentral Thema ass.
Mat der generéiser Ënnerstëtzung vun der Gemeng souwuel am
alldeegleche Fonctionnement vun der Musek, wéi awer virun allem
duerch d’Organisatioun vun lokalen Musekscoursen an
Zesummenaarbecht mat der UGDA Museksschoul, war et der
Leidelenger Musek méiglech de Jugendensembel „Crescendi“ zënter
2015 nieft deenen „Groussen“ optrieden ze loossen. Dir sidd also
gutt fir d’Zukunft opgestallt!
Musek ass net nëmmen ee flotten Fräizäitvedreif, mee dréit dozou
bäi datt Kanner hir sozial a kreativ Kompetenzen mi systematesch
entwécklen a verbesseren. Eng sëlleche Studien beleeën datt an
hunn dozou gefouert datt a ville Länner ëmmer mi fréi mat dem
„éveil musical“ ugefaange gëtt. Wann een da bis eng Kéier fest
verwuerzelt ass an der Musekswelt, da kann een dësen Hobby bis an
den héijen Alter ouni gréisser Aschränkung ausüben. Aal a jonk
niefteneen zesummen harmonesch mat engem gemeinsamen Ziel:
sech selwer an deenen di nolauschteren eng Freed ze maachen!
Dofir nach emol MERCI der Leidelenger Musek a nach vill Joren
derbäi mat deenen néidegen motivéierten an engagéierten
MusikerInnen!
Martine Deprez
Ugda-Presidentin
« Ohne Musik wäre das Leben ein Irrtum »
von Friedrich Nietzsche
8