Page 52 - Brochure_finale_V2
P. 52

Iwwert   Joren   war   den
                                                  Aktivitéitskalenner   vun
                                                  der Musek gutt gefëllt a
                                                  sou   kann   een   hei   ervir
                                                  hiewen datt d'Musek sech
                                                  natierlech bedeelegt huet
                                                  un   de   Festivitéiten   vun
                                                  der             grousser
                                                  Onofhängegkeetsfeier   am
                                                  Joer 1939 (Centenaire); et
            ass e grousse Galaconcert gespillt ginn an et wor ee mat dobäi beim
            historesche Cortège fir d'Feierlechkeeten.

            Awer kuerz no der Onofhängegkeetsfeier  ass onst d Land,  1940 am
            Mee, vun enger friemer Herrschaft iwwerfall ginn, an hei ass d'
            Fanfare och net dovu verschount bliwwen. Sou ass beschloss ginn,
            nodeems de Fändel beschlagnaamt gi war, a nom Verbuet vun alle
            net   vum   Okkupant   geneemegten   Organisatiounen,   d'Aktivitéiten
            vun der Musek anzestellen.


            No   der   Liberalisatioun   am   September   ass   d'Veräinsliewen   erëm
            opgeholl ginn, d'Instrumenter waren zwar an engem miserabelen
            Zoustand, an de Fändel deen zu Lëtzebuerg ëremfonnt gi war, ass
            1948 duerch een neien ersat ginn.

            1946 hat de René Hemmer d'Leedung vun der Musek iwwerholl mat
            dem Zil déi musikalesch Weiderentwéckelung vun der Fanfare, no de
            Krichsjoren ouni Aktivitéit, erëm nei opliewen ze loossen. Hie war
            Militärmuseker, a wa mer sou zréckkucken hate mer zu Leideleng e
            ganze Koup Militärmuseker als Dirigenten, och haut. Mat hierem
            Kënnen hu si de Veräi musikalesch op e ganz héijen Niveau bruecht.

            An de 50er Joren hunn d'Aktivitéite vum Veräin nees eng richtegen
            Opschwong kritt. Och wann een an all de Joren no der Grënnung net
            nëmmen zu Leideleng fir dat  musikalescht Encadrement gesuergt






                                          50
   47   48   49   50   51   52   53   54   55   56   57