Page 101 - Brochure_finale_170418_V1
P. 101

SUPPORTER-CLUB LEIDELENGER MUSEK

















              Rob Roemen






            Enn 2003 huet den deemolege Buergermeeschter Rob Roemen, dee
            vill fir d'Leidelenger Musek iwwreg hat, e Supporter Club fir d'Musek
            an d'Liewe geruff. Eng ähnlech Initiativ war et jo schonns an de 70.
            Jore ginn, d'“Section de Marche de la Fanfare de Leudelange“, déi
            sech awer 1985 als eegestännege Veräin  vun der Musek lassgeléist
            huet. Ëmsou méi war et ze begréissen datt elo erëm sou eng Initiativ
            zustanekoum war an et waren direkt erëm e puer Begeeschterter ze
            fannen fir hei matzemaachen.

            Den éischte Comité vun 2004 huet esou ausgesinn;
            President:     Rob Roemen
            Vizepresident: Alix Demuth
            Sekretär:      Paul Wilwers
            Keessjee:      Jeff Arendt
            Memberen:      Nicole Halsdorf, Armand Hilger, Andrée Sunnen

            De neie gegrënnte Veräin huet seng Statuten am Februar 2004
            offiziell am Mémorial publizéiert, an do steet am Art. 2. genee dran
            wat säin Zweck ass.






                                          99
   96   97   98   99   100   101   102   103   104   105   106