Page 102 - Brochure_finale_170418_V1
P. 102
Ganz kloer ass dëst d'Fërderung vun der Museksgesellschaft
souwuel op finanzieller, materieller a moralescher Basis. Fir dëst
awer an Ofsprooch mat der Leidelenger Musek ze maachen, fir
festzestellen wou ee Support am néidegste gebraucht gëtt, ass an de
Sëtzunge vum Supporterclub, de President oder e Vertrieder vun der
Musek mat dobäi, deen eng reng consultativ Stëmm huet.
De Kader definéiert konnt direkt mat der Aarbecht ugefaange ginn,
an sou konnten, duerch déi gutt Connectiounen déi de Rob Roemen
hat, mol direkt eng Rei Sortien uechtert d'Land fir d' Leidelenger
Musek organiséiert ginn. D'Musek huet dunn op där Plaz e Concert
gespillt an de SupporterClub huet d'Käschte fir den Transport mam
Bus a meeschtens och nach fir d'Iessen iwwerholl.
Fir der nëmmen e puer ze nennen; Kiischpelt, Bauschelt, Klierf,
Useldeng, Iechternach an de Préizerdaul waren där Evenementer.
2017 huet de Supporter Club e Bus fir op e Concert organiséiert a
géint der Owend d'Musikanten an d'Ecluse op en Owesiessen
invitéiert.
Awer och musikalesch Ausflich zu internationalen Eventer stinn um
Programm, wéi z.b. op Tréier bei de Musical Evita oder hei an der
Stad bei d'West Side Story.
Iwwert déi gutt Connectioune konnte Sponsore fonnt ginn fir
Instrumenter ganz oder deelweis ze stëften, oder de Supporter Club
huet se integral bezuelt.
2005: Ee Saxophon Tenor
2006: Ee Klackespill
2007: Ee Piccolo an eng Klarinette
2008: Eng Klarinette an eng Beliichtung fir d'Pulter
2010: Ee Saxophone
2014: Ee Marimba an eng véiert Pauk ( Timbale)
2018: Ee Sousaphon
100