Page 117 - Brochure_finale_170418_V1
P. 117
Eng kléng Geschicht vu Leideleng
a vu senger Musek
Leideleng, eng kléng Uertschaft um Rand vun der Stad Lëtzebuerg.
Sécherlech kléng an der Zuel vun sengen Awunner, wann een mat
den aneren Randgemengen vun der Stad géing vergläichen. Mee,
soss ass dach alles do, besonnesch wat d’Veräinsliewen ugeet.
Duerch een Gesetz vum 3. Mäerz 1856 offiziell gegrënnt, huet sech
d’Uertschaft eegestänneg entwéckelt an dat nieft der Stad
Lëtzebuerg, déi deemools nach eng Festung war.
De Wopen mat dem Bir an den dräi Inten ouni
Schniewel weist dorop hin, dass den Terrain
der Abtei St. Maximin vun Tréier gehéiert huet.
Eng Abtei konnt awer ni déi weltlech Rechter
vun sengen Lännereien sécheren oder Geriicht
halen. Dofir stoung Leideleng ënnert der
Geriichtsbarkeet vum Feudalhär vun
Meysemburg.
Wei an der Zäit an bal all Uertschaft, huet sech dat soziaalt an
kulturellt Liewen oft ëm dräi Piliere gedréint. Dat waren meeschtens
dräi Veräiner: de Kierchegesang, een Sportsclub an d’Musek.
Ouni des dräi Veräiner ass näischt am Duerfliewen gaangen. Hei war
den Treffpunkt. Hei ass nieft dem flotten Hobby, den och am
Interessie vun der Allgemengheet stoung, oft diskutéiert ginn,
Erfahrungen sinn ausgetosch ginn, Geschichte sinn erzielt ginn. Dat
wat Leit haut gréisstendeels iwwert déi sozial Medien maachen.
115