Page 118 - Brochure_finale_170418_V1
P. 118
Sou war et net weider verwonnerlech, dass am Mee 1893 eng
Musek zu Leideleng gegrënnt ginn ass. Vergiesse mir net, mir waren
an enger Zäit laang virun Radio a Televisioun. Un Internet war nach
guer net ze denken.
Ee Museksstéck korrekt ze interpretéieren war deemools just
méiglech duerch richteg Nouten liesen an dat néidegt musikalescht
Talent ze hunn fir dës Nouten och ze spillen. Et ass op all Musikant
säin Kënnen ukomm fir aus dem Stéck een musikalescht
Konschtwierk ze maachen. Den Dirigent hat déi verantwortungsvoll
a bisweilen schwéier Aufgabe dat ganzt ze koordinéieren an aus all
den Stëmmen raus een harmoneschen Ensembel ze bilden.
“Teamwork” laang Zäit ier mir de Begrëff “Teambuilding” erfonnt
hunn. Et war “Learning by doing” awer oft Léieren wat Freed
gemaach huet.
Déi jonk Leidelenger Musek aus dem Joer 1893 ass mat der Zäit
zegt
erwuessen ginn. Sie huet Weltgeschéien am 20 Joerhonnert, mat
all sengen schrecklechen, mee och mat all sengen schéine
Momenter iwwerstan. Et sinn Memberen komm, et sinn Memberen
gaang. Der Welt hire Laf war net opzehalen. Eis Leidelenger Musek
awer huet aus der Geschichte geleiert an huet sech wonnerbar
weider entwéckelt.
Aus dem Ensembel vun 1893 mat den 17 Grënnungsmemberen ass
haut eng formidabel Musek ginn mat 66 aktiven Musikanten an
engem dichtegen Jugendensembel, den “Leidelenger Crescendi”,
mat 35 Jonken.An enger Uertschaft, déi an hirer laanger Geschichte
sech ëmmer selwer trei bliwwen ass, huet Leidelenger Musek
d’Zeechen vun der Zäit erkannt. Mat hirem Jugendensembel dat bis
haut schonn muench, usprochsvoll, musikalesch Erausfuerderung
gemeeschtert huet, weisen sie wei een déi Jonk mat Freed un
d’Musek, ee schéinen a sënnvollen Hobby, erun féieren kann.
116