Page 71 - Brochure_finale_170418_V1
P. 71

Vum «UGDA ensemble instrumental» zu de

                      «Crescendi» – eng Erfollegsgeschicht


               Säit jeher  ass  d‘Zukunft  vun all  Veräin - sief et e  Sports-  resp.  eng kulturell
               Institutioun - ofhängeg vum néidege Nowuess, deen noréckelt fir där jeweileger
               Organisatioun eng Zukunft ze erméiglechen.

               Net anescht ass des Situation an der Leidelenger Musek.

               Bis zur Grennung vun de „Leidelenger Crescendi“ - d‘Jugendmusek vun der lokaler
               Museksgesellschaft -  an der Saison 2015/2016, wor et alles anescht wéi einfach,
               jonk Musikanten ze motivéieren, dem Orchester bäizetrieden. Emol um Pult an der
               Musek huet dat geheescht, sech an engem Ensembel eremzefannen an dat am
               Prinzip op enger 2. resp. 3. Stëmm. Datt dat guer net esou einfach ass, huet sou
               munche   Musikant   missen   erliewen   an   huet   dëse   schwéiere   Sprong   vum
               Individualcours zum Orchestermusikant net gepackt.


































               Des Situatioun ass och der Musekskommissioun vun der Leidelenger Gemeng net
               entgaangen an et gouf no Léisunge gesicht. Am Laf vum Schouljoer 2007/2008 ass
               dann   décidéiert   ginn,   en   Ensemble   Instrumental   am   Kader   vun   der   UGDA-
               Museksschoul ze grënnen. De Succès war grouss, an op Anhieb hunn net manner
               wéi 9 Musikanten sech dësem Ensembel ugeschloss, dee während 6 Joer ennert
               der Leedung vum Georges Sadeler fonktionnéiert huet.





                                                   69
   66   67   68   69   70   71   72   73   74   75   76