Page 72 - Brochure_finale_170418_V1
P. 72
Si hunn net nemmem op der jährlecher UGDA-Museksaudition mat uschléissender
Diplomiwwerreechung gespillt, mee sinn och nach ugetruede bei verschiddene
lokale Veräiner fir déi jeeweileg Feieren ze verschéineren, resp. hunn
Austauschconcerte mat anere „Jugendmuseken“ gespillt. Am Laf vun deser Zäit
huet dësen Ensembel sech weiderentwéckelt, an et hu missen 2 Gruppe gemeet
ginn, déi dem jeweilege Niveau vun de Kanner entsprach hun. An der Saison
2014/2015 huet dunn de Patrick Wilhelm d‘Zepter vum Ensemble Instrumental
iwwerholl, ier et 2015/2016 zu enger wesentlecher Ännerung komm ass.
Den UGDA-Ensembel, deen
teschenzäitlech op 21 Aschreiwunge
komm ass, huet de logesche Schratt
gemeet; aus dem Ensemble
Instrumental gëtt de Jugendensembel
vun der Leidelenger Musek – de
„Leidelenger Crescendi“, deen ab der
Saison 2015/2016 dann elo ennert der
Leedung vum Jean-Marie Grimler steet.
Hien ass also Dirigent vun den zwou Formatiounen („Di Grouss“ an „Di Kleng“
Musek) an huet domadder d‘Chance des jonk Musikanten esou ze guidéieren, dass
se duerno ouni Probleemer den Iwwergang an „Di Grouss“ Musek packen.
70