Page 101 - testmergebrochureV1004
P. 101

Eng kléng Geschichte vun Leideleng a

            vun senger Musek.





            Leideleng, eng kléng Uertschaft um Rand vun der Stad Lëtzebuerg.
            Sécherlech kléng an der Zuel vun sengen Awunner, wann een mat
            den aneren Randgemengen vun der Stad géing vergläichen. Mee,
            soss ass dach alles do, besonnesch wat d’Veräinsliewen ugeet.

            Duerch een Gesetz vum 3. Mäerz 1856 offiziell gegrënnt, huet sech
            d’Uertschaft   eegestänneg   entwéckelt   an   dat   nieft   der   Stad
            Lëtzebuerg, déi deemools nach eng Festung war.


            De Wopen mat dem Bir an den dräi Inten ouni
            Schniewel weist dorop hin, dass den Terrain der
            Abtei St. Maximin vun Tréier gehéiert huet. Eng
            Abtei   konnt   awer   ni   déi   weltlech   Rechter   vun
            sengen Lännereien sécheren oder Geriicht halen.
            Dofir   stoung   Leideleng   ënnert   der
            Geriichtsbarkeet   vum   Feudalhär   vun
            Meysemburg.

            Wei an der Zäit an bal all Uertschaft, huet sech dat soziaalt an
            kulturellt Liewen oft ëm dräi Piliere gedréint. Dat waren meeschtens
            dräi Veräiner: de Kierchegesang, een Sportsclub an d’Musek.
            Ouni des dräi Veräiner ass näischt am Duerfliewen gaangen. Hei war
            den   Treffpunkt.   Hei   ass   nieft   dem   flotten   Hobby,   den   och   am
            Interessie   vun   der   Allgemengheet   stoung,   oft   diskutéiert   ginn,
            Erfahrungen sinn ausgetosch ginn, Geschichte sinn erzielt ginn. Dat
            wat Leit haut gréisstendeels iwwert déi sozial Medien maachen.
   96   97   98   99   100   101   102   103   104   105   106