Page 103 - testmergebrochureV1004
P. 103

Bal wei virun 125 Joer, wou Leit aus der Uertschaft sech aus Freed
            um Musizéieren zesummen gedoen hunn fir ee Veräin ze grënnen !
            D’Zäiten änneren sech, mee d’Veräinsliewen bléift weiderhin een
            erfrëschenden Zentrum vun der lokaler Kultur, vun dem sozialen
            Mateneen an der Uertschaft an vun der Gesellegkeet.

            “Vivat, floreat, crescat !” hätt een 1893 gesot. Haut géinge mir
            hinnen “Thumbs up !” (Daumen héich) oder een grousse “like” ginn,
            am reellen Liewen, wei och an den sozialen Medien. Leidelenger
            Musek, wann ech gelift maacht virun sou, an dat op mannst nach ee
            Mol 125 Joer !



                                                Marc Thill
   98   99   100   101   102   103   104   105   106   107   108