Page 67 - testmergebrochureV0704_2
P. 67
Vum «UGDA ensemble instrumental» zu de
«Crescendi» – eng Erfollegsgeschicht
Säit jeher ass d‘ Zukunft vun all Veräin - sief et e Sports- resp. eng kulturell
Institutioun - ofhängeg vum néidege Nowuess, dee noréckelt fir dir jeweileger
Organisatioun eng Zukunft ze erméiglechen.
Net anescht ass des d‘ Situation an der Leidelénger Musek.
Bis zur Grennung vun de „Crescendi“ - d‘ Jugendmusek vun der lokaler
Musiksgesellschaft - an der Saison 2015/2016, wor et alles anescht wéi einfach,
jonk Musikanten ze motivéieren, dem Orchester bäizetrieden. Emol um Pult an der
Musek huet dat geheescht, sech an engem Ensembel eremzefannen an dat am
Prinzip op enger 2. Rep. 3. Stemm. Datt dat guer net esou einfach ass, huet sou
munche Musikant missen erliewen an huet dese schwéiere Sprong vum
Individualcours zum Orchestermusikant net gepackt.