Page 68 - testmergebrochureV0704_2
P. 68

Des Situatioun ass och der Musikskommissioun vun der Leidelenger gemeng net
               entgangen an et gouf no Léisunge gesicht. Am Laaf vum Schouljoer 2007/2008 ass
               dann   décidéiert   gin,   en   Ensemble   Instrumental   am   Kader   vun   der   UGDA-
               Museksschoul ze grennen. De Succès war grouss, an op Anhieb hunn net manner
               wéi 9 Musikanten sech desem Ensembel ugeschloss, dee während 6 Joer ennert
               der Leedung vum Georges Sadeler fonktionnéiert huet.








































               Si hun net nemmem op der jährlecher UGDA-Museksaudition mat uschléissender
               Diplomiwerreechung gespillt, mee sinn och nach ugetruede bei verschiddene lokale
               Veräiner fir di jeeweileg Feieren ze verschéineren, resp. hun Austauschconcert’en
               mat   aneren   „Jugendmuseken“   gespillt.   Am   Laaf   vun   deser   Zäit   huet   desen
               Ensembel sech weiderentwéckelt, an et hu missen 2 Gruppe gemeet ginn, déi dem
               jeweilege Niveau vun de Kanner entsprach hun. An der Saison 2014/2015 huet
               dunn de Patrick Wilhelm d‘ Zepter vum ensemble instrumental iwerholl, ier et
               2015/2016 zu enger wesentlecher Aennerung komm ass.
   63   64   65   66   67   68   69   70   71   72   73