Page 12 - testmergebrochureV1004
P. 12

D’Leidelenger Musek ass bei allen offizielle Feiere vun der Gemeng
            mat dobäi. Hir schéi Concerten droen dozou bäi, dass dat kulturellt
            Liewen   an   der   Uertschaft   oplieft   an   no   bausse   gedroe   gëtt.
            D’Leidelenger Musek bréngt och am Kontext vun hiren Aktivitéite
            Leit   zesummen   -   een   Aspekt,   dee   ganz   wichteg   ass   fir   dat
            gesellschaftlecht Liewen an eiser Gemeng.

            D’Leidelenger Musek ass ee Veräin mat ville Memberen, engem
            Jugendensembel, de “Crescendi”, an engem engagéierte Comité. Ech
            si  frou  iwwert  hiren  Asaz am  Déngscht  vun  der  Musek  an  am
            Interessi vun eiser Uertschaft.

            Als   Buergermeeschtesch   vu   Leideleng   felicitéieren   ech   der
            Leidelenger Musek fir hiren 125. Gebuertsdag an hoffen, dass nach
            vill Jore voller Musek dobäi wäerte kommen.






                                                Diane BISENIUS-FEIPEL
                                                Buergermeeschtesch
   7   8   9   10   11   12   13   14   15   16   17