Page 15 - testmergebrochureV1004
P. 15
Vill Gléck …
Gérard Louis
Gebuertsdag feieren ass ëmmer eppes Besonnesches. A wann et
dann nach sou een héijen ass, da muss dat extra gefeiert ginn.
Ganz houfreg kann ee si fir e Veräin ze leeden deen sech iwwert déi
lescht Joren ganz gudd weiderentwéckelt huet, an deen säin 125.
Gebuertsdag feiert. Domatter wëlle mer d'Grënner an och all
d'Memberen ob Aktiv oder Supporter, déi iwwert sou vill Joren der
Musek hiert d'Häerz verschriwwen hunn, op eng ganz besonnesch
Aart a Weis éieren.
125 Joer ass ee laangen Dag a wa mer an de Joren zréckbliederen,
war et net ëmmer einfach. Am Ufank gouf et d’Fanfare de
Leudelange‘, da wor mol Kaméidi am Duerf an et sinn op emol 2
Museken zu Lëdeleng gi wat sech awer zum Gudde geléist huet.
Duerno koumen déi zwee Kricher an do war et souguer verbuede fir
Musek ze maachen. An dach huet d'Musek iwwerlieft.
Iwwert all déi laang Jore waren d'Musikanten awer ëmmer gutt
encadréiert, vun hire Comitéen, a vun hiren Dirigenten a Sous-
Cheffen. No etlech Joren ass och Theater spillen dobäi komm, wat
leider momentan e bëssen ze kuerz kënnt awer sécherlech nees
emol opbléie wäert.