Page 13 - testmergebrochureV1004
P. 13

Musek ass...

















              Diane Feipel








            Musek dréckt dat aus, wat Wierder net soe kënnen - mee wéi steet
            et mat de Gedanken, déi mir eis ouni Musek ni gemaach hätten?
            Woura leit d’Bedeitung vun der Musek fir eis Mënschen? Wat ass hir
            Bedeitung fir eis Gesellschaft?

            Eng Welt ouni Musek wier haut kaum virstellbar. Musek ass net
            nëmmen eng Form vun der Konscht, Musek ass och eise Begleeder
            am deegleche Liewe ginn.

            Musek   brauch   awer   Leit,   fir   dass   se   liewe   kann.   Musek   muss
            komponéiert   an   arrangéiert   ginn.   Musek   brauch   Nolauschterer,
            geneesou   wei   Museker,   déi   d’Noute   spillen.   Alleguer   des   Leit
            zesumme maachen déi Gesellschaft aus, an der mir liewen.


            D’Leidelenger Musek, déi elo hir 125 Joer feiert, ass ee wichtege
            Pilier souwuel am kulturelle wéi och am gesellschaftleche Liewe vu
            Leideleng.
   8   9   10   11   12   13   14   15   16   17   18