Page 35 - testmergebrochureV1004
P. 35

1986 Victor Christophe       2014 Gérard Louis

            Fir datt eng Musek fonctionnéiert gi mol ganz sécher Instrumenter
            gebraucht. An hei fänke bei deem nei gegrënnte Veräin dann direkt
            déi finanziell Schwieregkeeten un. Sou hunn déi jonk Museker, fir
            hirer   Passioun   nozegoen,   sech   spontan   bereet   erkläert   hier
            Instrumenter selwer ze bezuelen, oder d'Sue virzestrecken.   Deen
            deemolege President Dominique Goerens an de Buergermeeschter
            vun der Gemeng Leideleng, den Här Fischbach, hunn sech awer
            direkt  staark agesat fir déi néideg Ënnerstëtzung vum Staat.

            Op de nächste Säite sinn déi eelst Dokumenter * vum Veräin ze
            gesinn, geschriwwen den 28 Mee 1893 kuerz no der Grënnung. Et
            handelt sech em e Bréif un d'Regierung fir den éischte Subside
            unzefroe fir d'Instrumenter ze bezuelen.


            Den Avis vum Buergermeeschter* ass direkt dobäi geluecht ginn, an
            do gesäit een datt, fir déi Zäit, et schonns ëm eng beträchtlech
            Zomm Geld geet, nämlech 1500 Frang.

            (Text an Drock-Schrëft op de lëschte Säiten)
                •   Archive national I.P. Iiasse 1825
   30   31   32   33   34   35   36   37   38   39   40