Page 40 - testmergebrochureV1004
P. 40
Niewent den Instrumenter an dem Fändel sinn d'Uniformen e
wichtege Bestanddeel vun enger Musek. Kapen déi 1896 ugeschaaft
gi waren, ware jo ganz schéin ..., jo do sollt et awer nach e bëssen
dauere bis déi éischt Uniform do war, an dat bis 1933 bevir eng
Uniform geschneidert ginn ass. Knëpp si bei der deemolege
Renommée fir 494,30 Frang, an de Stoff op der Schläifmillen bei
Hamm fir 2873,50 Frang kaaft ginn. Vill Geld fir déi Zäit, awer dat
Joer virdru war ganz gutt geschafft ginn an e Boni vu 6374,90 Frang
an der Keess erausgesprongen.
1958 bei der Leidelenger Kiermes konnten d'Musikanten dunn nees
an enger neier Uniform optrieden, an déi ass am Joer 1993 bei
Geleeënheet vun der 100 Joer Feier duerch déi häiteg Uniform ersat
ginn. Eng Uniform déi haut nach ëmmer moudesch passt, an dofir
kritt se ee neie Logo , an och nei Krawate weisen op déi 125 Joer hin.
Finanziell ass jo ganz bescheiden ugefaange ginn, an dach gesäit een
datt dunn zu Leideleng an der Musek immens vill geschafft ginn ass
fir datt ee senger
Passioun konnt
nokommen. An dëst ass
schonns direkt no der
Grënnung ugaange wou
een sech Éirememberen (
Bild AG 1931)
zougeluecht huet déi
1903 schonns vill Geld an
d' Keess abruecht hunn.
Eng wichteg Quell ware
och d'Concerten, so wéi
den Hämmelsmarsch,
eng Traditioun déi zu
Leideleng ëmmer héich
gehale ginn ass, an dat
och nach haut.