Page 45 - testmergebrochureV1004
P. 45
An den Anale vun 1896 fanne mer och ee Subside fir eng
«construction d'une barraque» et ass awer net iwwerbruecht fir wat
des Konstruktioun gebraucht gi war. Mee bleiwe mer elo mol bei
dëser Thematik a behandelen de Wonsch no engem eegene Sall.
Prouwen an engem Café an och an
enger Schoul si meeschtens mat
technesche Schwieregkeete
verbonnen, well jo d'Lokalitéiten och
fir aner Zwecker benotzt ginn. No
laange Verhandlunge mat der Gemeng
ass d'Plaz niewent der Schoul zur
Verfügung gestallt ginn. Huet et
schonns un Sue gefeelt fir d'
Instrumenter ze finanzéieren, sou war
de Bau vun engem Musekssall nach
vill méi schwéier ze stemmen. Dat
Geld dat gefeelt huet gouf vum
Jacques Meyer virgestreckt an sou konnt den Entrepreneur Henri
Pickard schonns 1904 den éischte Veräinssall bauen. Nujee et war e
ganz einfache Proufsall, primitiv, ouni Bühn. De Buedem war aus
Lehm, wou einfach Holzbänken als Sëtzplazen dropstoungen, awer
et war der Musek hiert éischt richtegt Heem, wou se dann och am
Joer 1904 feierlech ageplënnert ass. Eréischt vill méi spéit am Joer
1927 beschléisst de Comité eng Vergréisserung vum Musekssall, an
zur gläicher Zäit d'Opriichte vun enger Bühn, an dee Beschloss ass
dann och direkt verwierklecht ginn. Esou konnt dann och vun elo un
all Theateropféierung am eegene Sall ofgehale ginn. Duerno dauert
et dann erëm 10 Joer bis de Musekssall vergréissert gëtt, an och e
Proufsall bäigebaut gëtt. An deem Proufsall war e beweegleche
Buedem installéiert ginn, deen een dunn och bei Bësch - a
Wisefester als Danzbuedem konnt gebrauchen.