Page 41 - testmergebrochureV1004
P. 41

Et ass sech dunn iwwerluecht gi  wat fir Weeër een nach kéint goe
            fir   Geld   an   Keess   ze   kréien,   a   séier   ass   decidéiert   ginn   eng
            Theatersektioun   an   d'Liewen   ze   ruffen,   déi   fir   Ouschteren,
            Chrëschtdag an och bei der Kiermes  hier Optrëtter hat. Theater ass
            iwwer   Joren   opgeféiert   ginn,   am   Ufank   ass   sech   hei   och   mat
            einfache Mëttele gehollef ginn an sou ass bei Tillen um Giewel (haut
            Ad.   Wester)   eng   kleng   hëlze   Bud   opgeriicht   ginn   an   där
            d'Virstellunge   konnten,   wuertwiertlech,   iwwert   d'Bühn   goen.
            Souwuel Kaméidi wéi och Drama Stécker sinn am Theater opgeféiert
            ginn, wat zu engem groussen Erfolleg beim Publikum bäigedroen
            huet. No etleche Jore konnten   d'Theateropféiereungen dann am
            eegene Musekssall oder am Café Arendt ofgehale ginn. Besonnesch
            Verdéngschter um Succès vum Theater huet awer secherlech den
            deemolege Schoulmeeschter Jean Engler deen ab 1946 mat deem
            néidege pädagogesche Geschéck als Regisseur den Akteuren dat
            néidegt Kënne bäibruecht huet. Regie geféiert huet en etlech Joren
            och  de  Roger   Herman.  An  der  Broschür  vun  1993  kann  een  e
            verschidde Stécker fannen déi opgeféiert gi sinn.   No an no hunn
            dunn och aner Veräiner aus dem Duerf sech dem Theaterspillen
            ugeholl an et kann e soen datt Theater e feste Bestanddeel vum
            kulturelle Liewe  vu Leideleng gi war.  Dëst war villäicht och e Grond
            firwat  d'Museksgesellschaft mam Theaterspillen opgehalen huet.


                                            Un hier Theateraktivitéiten huet
                                            d'Musek  sech an de Joren 1990,
                                            2000   an   2003   nach   eemol
                                            erënnert, a mat engem Mix aus
                                            Musek  an  Theater  sinn  e puer
                                            flott  Owender organiséiert ginn
                                            ënnert   dem   Titel   «   Lëschtegen
                                            Owend».     Dës   Soiréeën   hunn
                                            allkéiers e grousse Succès beim
            Publikum kannt a wann een d'Fotoe vun deenen Owender kuckt
            kann e soen datt d'Acteure genau souvill Pleséier dobäi haten.
   36   37   38   39   40   41   42   43   44   45   46