Page 46 - testmergebrochureV1004
P. 46
Aus finanzielle Grënn si just
Renovéierunge gemaach gi wann et
absolut néideg war. Awer nom Krich,
am Joer 1946 nodeems dat friemt
Militär sech am Musekssall aquartéiert
hat, huet missen eppes ënnerholl ginn.
Och wann de Veräï säin Uleies oft der
Gemeng virgedroen huet, sollt et dach
bis 1961 dauere bis d'Musek e neien eegene Sall kritt huet. Déi béid
Säite waren sech eens datt e neie Sall misst gebaut ginn, awer och
hei huet et un de finanzielle Mëttele gehaangen. Wéi dunn 1957
d'Gemeng den Terrain vum ale Musekssall gebraucht huet fir déi nei
Schoul ze bauen, ass e Vergläich zustane komm, wou d'Musek en
Terrain beim Wäschbur krut, an en Subside vun 200.000 Frang (5000
Euro), an d'Holz wat gebraucht ginn ass fir de Bau koum aus der
Gemeng hiere Bëscher. Ënnert dem President Nicolas Schosseler
hunn d'Museker dunn vill Aarbecht geleescht a sech selwer mat vill
Asaz e flotte Proufsall opgeriicht. Dëse Sall konnt 1961 dunn
feierlech ageweit ginn an hat Bestand bis de Centre Culturel an der
Eech stoung. Leider konnten am dem Proufsall keng Concerte
gespillt ginn. Déi si meeschten an der Sportshal iwwert d'Bühn
gaangen.
Zënter 2010 prouft een also an
engem spezifeschen, der Musek
zur Verfügung gestallte Proufsall
an der Eech, an d'Concerte
kennen an engem adaptéierten,
flotten a grousse Sall an der
Eech, dee ronn 500 Leit faasst,
gespillt ginn. Ee Sall fir deen eis
schonns etlech Veräiner aus
anere Gemenge beneit hunn.