Page 49 - testmergebrochureV1004
P. 49
Iwwert Joren war den
Aktivitéitskalenner vun der Musek
gutt gefëllt a sou kann een hei ervir
hiewen datt d'Musek sech
natierlech bedeelegt huet un de
Festivitéiten vun der grousser
Onofhängegkeetsfeier am Joer 1939
(Centenaire); et ass e grousse
Galaconcert gespillt ginn an et wor ee mat dobäi beim historesche
Cortège fir d'Feierlechkeeten.
Awer kuerz no der Onofhängegkeetsfeier ass onst d Land, 1940 am
Mee, vun enger friemer Herrschaft iwwerfall ginn, an hei ass d'
Fanfare och net dovu verschount bliwwen. Sou ass beschloss ginn,
nodeems de Fändel beschlagnaamt gi war, a nom Verbuet vun alle
net vum Okkupant geneemegten Organisatiounen, d'Aktivitéiten
vun der Musek anzestellen.
No der Liberalisatioun am September ass d'Veräinsliewen erëm
opgeholl ginn, d'Instrumenter waren zwar an engem miserabelen
Zoustand, an de Fändel deen zu Lëtzebuerg ëremfonnt gi war, ass
1948 duerch een neien ersat ginn.
1946 hat de René Hemmer d'Leedung vun der Musek iwwerholl mat
dem Zil déi musikalesch Weiderentwéckelung vun der Fanfare, no de
Krichsjoren ouni Aktivitéit, erëm nei opliewen ze loossen. Hie war
Militärmuseker, a wa mer sou zréckkucken hate mer zu Leideleng e
ganze Koup Militärmuseker als Dirigenten, och haut. Mat hierem
Kënnen hu si de Veräi musikalesch op e ganz héijen Niveau bruecht.
An de 50. Joren hunn d'Aktivitéite vum Veräin nees eng richtegen
Opschwong kritt. Och wann een an all de Joren no der Grënnung net
nëmmen zu Leideleng fir dat musikalescht Encadrement gesuergt
huet, a schonns ëmmer Concerte bei Frënn an aner Lokalitéiten zu
Lëtzebuerg gespillt huet, sou ass dëst lo erweidert ginn, an