Page 54 - testmergebrochureV1004
P. 54
2012 huet de Jean-Marie Grimler, och e Militärmuseker,
d'Successioun vum Josy Langers iwwerholl. De Josy kann sou op déi
bis elo längsten Zäit als Dirigent hei zu Leideleng zréckkucken,
nämlech zesummen an deenen zwou Mandatsperioden 27 Joer. De
Josy hat ëmmer Gedold an hat een Talent fir de Musikanten och déi
méi schwiereg Passage gutt ze erklären. Nodeems de Jean-Marie
Grimler d'Leedung iwwerholl hat konnt d'Musek sech anescht
weiderentwéckelen, ass haut zäitgeméiss opgestallt an zielt an hire
Reie Musikante vun all Alter. Jonk, a manner jonk Musikante setzen
zesummen haut hannert dem Pult a ginn hirer Passioun no. De
Galaconcert an de Wanterconcert sinn e feste Bestanddeel vum
kulturelle Kalenner vu Leideleng ginn.
Gesellegkeet am Veräin ass et vun Ufank un ginn. No de Prouwen
zesumme sinn a poteren ass net déi eenzeg Aktivitéit an deem
Beräich. Am Joer 1911 ass deen éischten Ausfluch organiséiert ginn
op d'Ausstellung op Bréissel. Duerno sinn et där Ausflich e sëlleche
ginn, wann d'finanziell Situatioun et zougelooss huet. Mol waren se
hei am Land, mol iwwert Grenzen eraus no Frankräich, Holland oder
an d'Belge. Fir der nëmmen e puer ze nennen ; Stroossbuerg,
Antwerpen, Den Haag, Nice, Davos, Bellaria (Foto), Freiburg an
Ipres.