Page 57 - testmergebrochureV1004
P. 57
Zu enger bestëmmter Zäit war et net einfach well d'Prouwen op
Samschdes geluecht goufen, an een sech huet misse fir de Sport
oder fir d'Musek entscheeden. Doduerch sinn natierlech e puer Leit
verluer gaangen. Haut leien Prouwen an der Woch an d'Fro stellt
sech net méi.
Sécherlech kennt een nach vill iwwert d'Leidelenger Musek
schreiwen. Et ass eng Success Story. Sollt hei deen een oder anere
sech net eremfond hunn dann sécher nëmme well mer net genuch
Plaz hunn fir alles hei nidder ze schreiwen. All déi Erfarung déi an
deenen vergaangenen 125 Joer gesammelt konnt ginn, ass vun den
aktive Memberen, vun den Dirigenten a vum Comité
weidergedriwwe ginn an d' Leidelenger Musek huet sech der Zäit
ugepasst an ass haut zäitgeméiss opgestallt.
Jonk an manner Jonk Museker, Fraen a Männer stinn haut fir
Traditioun, Zesummenhalt, Frëndschaft a Freed un der Musek. Eng
schéi Geschicht déi schonns 125 Joer undauert an elo an déi nächst
Etape geet.
Nulla vita sine musica.
Guy Grosber
Quellen:
Fanfare de Leudelange: 75. Anniversaire
Fanfare de Leudelange: 100 Anniversaire
Veräinsarchiven
Nationalen Archiv I.P. liasse 1825,1826,1827