Page 53 - testmergebrochureV1004
P. 53
D'Iddi vun den «Duerfbléiser» ass vum Frank Fonck rëmm opgegraff
ginn an sou sinn d'«Leidelenger Musikussen» 2008 entstanen. Mat
dem Frank als Dirigent an dem Myriam Heirens als Sekretär, suergt
eng flott Equipe vun 34 Musikante, eruechtert d'Land bei
Duerffester a soss Geleeënheete fir eng flott Atmosphair. An dëst
Joer hunn si och e klenge Gebuertsdag ze feieren, hir 10 Joer.
1999 wéi de Romain Geimer den Taktstaf ofginn huet, war natierlech
d'Fro wien säi Nofolger géif ginn. Duerch e glécklechen d'Zoufall
konnt de Josy Langers sech nees bei den Unhéierunge fir den neie
Dirigent virstellen, an de Comité an d'Musikanten hunn sech fir hien
ausgeschwat an dem Josy seng 2 Mandatszäit huet ugefaangen. Hat
de Josy schonns 1988 e Marsch fir d'Leidelenger Musek
komponéiert, sou huet hien sech d'Freed gemaach fir nach zwee
Märsch ze komponéieren an dëst fir déi 111. Joer Leidelenger
Musek (2004) a fir den 150.
Gebuertsdag vun der Gemeng
Leideleng (2006).
Et ass musikalesch vill geschafft
ginn, dëst och duerch d'Aféieren
vun Museksstagen, an
d'Leidelenger Musek konnt hire
Niveau immens verbesseren an
huet bei verschiddene
Concoursen excellent
ofgeschnidden, souguer mat
engem «prix avec distinction» Déi
fréier Iddi vum « Lëschtegen
Owend» ass erëm opgegraff ginn.
Et si Museksstécker an Texter
(Josy Langers a Pierre Haas)
komponéiert ginn, a mat engem
immens groussen Erfolleg huet d'Publikum der Musek Merci gesot
fir d'Soireeën an de Joren 2000 an 2003.