Page 56 - testmergebrochureV1004
P. 56
Aarbechtssëtzungen mat der Leidelenger Musekskommissioun an
der UGDA Museksschoul, Kontakter mat neie jonke Musikanten an
hiren Elteren, Workshopen, Info Owender fir d'Elteren, jee an der
Leidelenger Musek ass een vun 2014 erëm méi aktiv op d'Leit
zougaangen. Mat Erfolleg, well haut ass dësen Ensemble
d'Sprangbried fir an déi „Grouss“ Musek.
Datt d'Jugendaarbecht sech bezuelt mëscht beweist net nëmmen
den héije Niveau vun eise Jonken am Orchester. Och Talenter sinn
iwwert déi lescht 25 Joer aus der Leidelenger Musek erfir gaangen.
Ze ernimmen sinn 4 Musikanten déi an der Fanfare ugefaang hunn,
de Solfège an hiert Instrument am Konservatoire geléiert hunn, an
haut d'Musek zu hirem Beruff gemaach hunn. De Raoul Christophe,
e fantasteschen Trompettist, deen haut nach an der Leidelenger
Musek spillt. D'Nadine Kaufmann deem säin Instrument de
Saxophon ass, déi am Escher Conservatoire schafft awer och op eng
musikalesch Manéier Kannermärercher op der Bühn erzielt. De
Francois Breger deen an der Réidener Musekschoul als Chargé de
Cours schafft, an de Max Mausen deen et an d'Ausland verschloen
huet, e Meeschter op der Klarinett.
Zu ernimme déi vill Musikanten déi iwwert Joren der Leidelenger
Musek trei bliwwe sinn. Oft schonns an 2. oder 3. Generatioun. An
deem Zesummenhang ass opgefall datt 3 vun eisen aktive
Musikanten schonns fir drett bäi engem groussen Anniversaire dobäi
sinn (75, 100 an 125), ee laangen Dag. Dëst sinn den John Engler, de
Fernand Heirens, an de Roger Hintgen.
Musikant sinn war iwwer all déi Joren net einfach. De Spaass un der
Musek huet duerzou bäigedroen datt ee bäi de selleche Prouwen,
Concerten, weltlechen a kulturellen Aktivitäten mat der Leidelenger
Musek um Dill wor. Sinn an de Joren och schonns mol deen een oder
anere Musikant aus der Musek verschwonnen, sou sinn duerch
Zouwanderung an d'Duerf oder iwwert Kollegen ëmmer erëm d'Reie
hannert dem Pult gefëllt ginn.