Page 55 - testmergebrochureV1004
P. 55
Dës Ausflich déi zu engem gudden Zesummenhalt ënnert den
aktiven an inaktive Memberen vum Veräin bäidroen, si méi wéi
nëmmen Ausflich. Meeschtens huet een bei där Geleeënheet och
nach deen een oder anere Concert gespillt, mol offiziell a firwat net
och mol inoffiziell owes beim Swimmingpool, a fir Stëmmung
gesuergt. Keelespillen, a Fëschen um Weiher sinn Initiativen déi
regelméisseg a mat groussen Succès stattfannen.
D'Jugend an der Leidelenger Musek ass ëmmer grouss geschriwwe
ginn. Direkt no der Grënnung gouf een Dirigent agestallt ginn fir
sech de jonke Leit unzehuelen déi Musek spille léieren wollten. An
sou ass dat iwwer Joren ëmmer weidergaangen. D'Integratioun vu
jonke Museker an de Veräin ass ëmmer gutt gelongen.
Un d'Jugend huet de fréiere Buergermeeschter Rob Roemem
geduecht, an 2008 eng wichteg Initiativ a Punkto Jugendaarbecht
ergraff. Ennert «Vum UGDA-Ensemle instrumental zu de Leidelenger
Crecendi“.» ass beschriwwen wat dëst bedeit huet, an wéi sech des
Initiativ an de lëschte Joren weiderentwéckelt huet.