Page 52 - testmergebrochureV1004
P. 52

Kuckt een an den Aktivitéitsberichter aus de 70 Jore bis haut da ass
            et fantastesch ze gesinn wou schonns iwwerall e Concert gespillt
            ginn   ass.   Ervirzehiewen   ass   hei   sécher   och   de   Waimaart   zu
            Meechtem wou d'Fanfare schonns zënter den 80. Joren ëmmer
            wëllkoom ass fir e Concert ze spillen. Dertëschent war d'Musek
            awer   och   bäi   Kavalkaden   zu   Wincheringen   an   zu   Esch.   Op
            Ouverturen   vu   groussen   Entreprisen   déi   sech   hei   zu   Leideleng
            implementéiert hunn ass Präsenz gewise ginn, a wa sech ee vun eise
            Musikante   bestued   huet   war   natierlech   d'Musek   dobai   fir
            matzefeieren.


            Vun 1989 bis 1999 waren als Dirigenten déi Hären Norbert Pegel,
            Norbert   Valmorbida   an     Romain   Geimer   an   der   musikalescher
            Verantwortung.   Ënnert   dem   Romain   Geimer   sinn   dann   och   d'
            Festlechkeeten vum 100 Anniversaire vun der Fanfare 1993 iwwert
            d'Bühn gaangen.


            D'Festivitéiten déi sech iwwer Mee, Juni a Juli 1993 erstéckt hunn
            haten e grousse Succès. Déi enorme Vilfalt vum Programm, de neie
            Fändel, an déi nei Uniformen hu mat   duerzou bäigedroen. Den
            Héichpunkt war den 11 Juli 1993 mat der Aweiung vum neie Fändel,
            dem Cortège deen a Form vun engem Stär an Duerf erakoum, an
            dem Ofschloss Concert vun der Harmonie Municipale Luxembourg –
            Eich.

            Sou eng Feier bréngt ëmmer nees nei Motivatioun an e Veräin, an
            sou ass sech net ausgerout ginn mee  no vir gekuckt. Nei Aktivitéiten
            sinn dobäi komm wéi z.b. Bedeelegung um  Ëmzuch vum Kleeschen
            an   der   Stad,   Äppelfest,   Playbackshows,   Fréijoersconcert   an   de
            Kiermesconcert.

            1997 gett aus der «Fanfare de Leudelange» eng asbl mat dem
            Numm «Leidelenger Musek», an dat wëll och aner Instrumenter
            gespillt gi si wéi dat an enger Fanfare soll sinn (Blech).
   47   48   49   50   51   52   53   54   55   56   57