Page 22 - testmergebrochureV0604
P. 22

Schwätze iwwert de Comité da solle merop dëser Plaz e puer Wuert
            iwwert eis Presidente verléieren. Si sinn ganz kloer Personalitéiten
            an  engem  Veräin déi  matentscheedent  sinn   wou  de  Veräin  hi
            steiert, wéi en sech entwéckelt a wéi et em finanziel geet. Ee gutt
            Versteesdemech ënnert dem President, sengem Komite an dem
            Dirigent ass matentscheedent fir de Succès.


            Wa mir an de Bicher kucken gesi mer datt d'Presidenten och oft de
            Veraïn finanziell gutt ennerstëtzt hunn, heiansdo souguer mat méi
            engem héije Betrag wéi de Subside  vun  der  Gemeng oder  der
            Regierung.  Sécher wor et net ëmmer einfach an deenen schwiegere
            Joren, wéi an den 2 Weltkricher, awer och manner schwiereg Joren
            well do geet et jo gutt a firwat soll d'Musek ennerstëtzt ginn,  de
            Veräin ze féieren.



            Jiddweree   vun   hinnen   hat   secherlech   eppes   wou   e   sech   mat
            Häerzblut dofir agesat huet. Beim éischte wor et secher fir de Veräin
            mol   richteg   un   d'Lafen   ze   kréien,   a   déi   néideg   Strukturen   ze
            schaffen. Duerno ass sech em een éigene Prouwsall staark gemaach
            ginn.   Dat   sozialt   Veräinsliewen   wor   och   ëmmer   wichteg,  an   all
            Initativ sollt dozou baidroen fir datt d'Musikgesellschaft sech och
            sollt musikalesch weiderentwéckelen.



            Kucke   mer   zréck   op   déi   lescht   25   Joer   da   sollt   ee     bei   dëser
            Geleeënheet   ganz   besonnesch   déi   laang   Amtszäit   vun   28   Joer
            ernimmen, wou de Victor Christophe de Veräin présidéiert huet a
            mat senger Equipe  verschidden wichteg Uleiesse vum Veräin konnt
            ëmsetzen. Een  vu villen annere Schafferten aus dëser Equipe wor
            secherlech de Fränz Fonck a senger Fonktioun als Vizepresident a
            Sekretair.
   17   18   19   20   21   22   23   24   25   26   27