Page 24 - testmergebrochureV0604
P. 24
1966 René Jander 1967 Théo Kollwelter
1986 Victor Christophe 2014 Gérard Louis
Fir datt eng Musek fonktionnéiert gi mol ganz sécher Instrumenter
gebraucht. An hei fänken bei deem nei gegrënte Veräin dann direkt
déi finanziell Schwierechkeete un. Sou ass et komm datt sech déi
jonk Museker, fir hierer Passioun nozegoen, spontan bereet erklärt
hunn hier Instrumenter selwer ze bezuelen, oder d'Sue
virzestrécken. Deen deemolege President Dominique Goerens an de
Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng, den Här Fischbach,
hu sech awer direkt staark agesaat fir déi néideg Ennerstëtzung vum
Staat.
Op de nächste Säiten sinn déi eelst Dokumenter vum Veräin ze
gesinn, geschriwwen am Mai 1893 kuerz no der Grënnung. Et ass e
Bréif un d'Regierung fir den éischte Subside unzefroen fir
d'Instrumenter ze bezuelen.
Den Avis vum Buergermeeschter ass direkt dobai geluecht ginn, an
do gesäit een datt et schonns ëm eng beträchtlech Zumm Geld geet
fir déi Zäit, nämlech 1500 Frang.
(Den Text an Drockschrëft befënd sech op de lëschte Säiten)