Page 27 - testmergebrochureV0604
P. 27

Leider ass et dann nom éischte Weltkrich, wou sech op eemol zwou
            verschidde politesch Richtungen «dee Rout an déi Schwaarz» zu
            Leideleng   erëmmfond   hunn,   zu   engem   Eklat   koum   well   et
            verschidde Veräiner duebel gi sinn. An hei wor d'Musek och net
            dovu verschount bliwwen.  Aus dem Gesangsveraïn «Unioun» wor
            eng zweet Musek entstaanen an et ass dunn 1921 bei Geleeënheet
            vun der Häerläïche Pressessioun zu Stéierunge koum. De deemolege
            Paschtouer den Här August Gemen, huet du vun der Kanzel rof
            gepriedegt datt et wéi an aaneren Diefer et Brauch a Sitt wir sech
            ënnert de Gesellschaften ze verstoen an net ze rivaliséieren. Méi
            loose mer mol neese e bessen an der Geschicht zreck goen  an d
            Joer 1896.

            E   Fändel  muss   eng   Musek   hunn,   an   dese   Wonsch   konnt   1896
            schonns an Erfëllung goen.   Well jo déi finanziel Situatiion et net
            zougelooss huet konnt dëst nëmme duerch Kollekten a fräiwelleg
            Spenden   geschéien.   Hie   wor   dräieckeg   an   aus   brong-roudem
            Samett! A gëllene Buschstawen stung drop geschriwwen «Fanfare
            de Leudelange 1896 » A bei der der Aweiung
            sinn   d'Musikanten   dann   och   mat
            fonkelneien Uniformskapen opmarschéiert.



            Am Mee  1914 gouf et dunn e neie Fändel,
            an d' Feier vun der Aweiung vum Fändel ass
            um   Virowend   duerch   e   Fakelzuch   duerch
            d'Duerf  ageleet ginn.



                                                                Fändel 1914
            Am Joer 1948  nodeems de Fändel  vun den Däitsche während dem
            Krich beschlagnahmt gi war, awer  no Krich an engem miserabelen
            Zoustand rëmmfond gi ass, gouf beschloss fir een neien ze kréien.
            Déi festlech Aweihung vum Fändel wor an deem selwechte Joer den
            10 September.
   22   23   24   25   26   27   28   29   30   31   32