Page 29 - testmergebrochureV0604
P. 29
Niewend den Instrumenter an dem Fändel sin d'Uniforme e
wichtege Bestanddeel vun enger Musek. Kapen déi 1896 ugeschaaft
gi woren, ware jo ganz schéin awer..., jo do sollt et awer nach e
bëssen daueren bis déi éischt Uniform do waren. An de Bicher fënd
een datt 1933 eng Unfform geschneidert ginn ass. Knëpp si bei der
deemolege Renommée fir 494, 30 Frang, an de Stoff op der
Schleifmillen bei Hamm fir 2873,50 Frang kaaft ginn. Vill Geld fir déi
Zäit, awer dat Joer virdru wor ganz gutt geschafft gin an e Boni vu
6374,90 Frang an der Keess erausgespongen.
Duerno huet et gedauert bis xxxxxx bis des Uniform duerch eng nei
ersat ginn ass an am Joer 1993 bei Geleeënheet vun der 100
Joerfeier ass déi heiteg Unfiform virgestallt ginn. Eng Uniform déi
nach ëmmer modesch passt an et ass beschloss ginn déi fir den 125.
Anniversaire net ze ersetzen. D'Uniformen mat engem neie Logo
besteckt, a mat neie Kravaten, déi op déi 125 Joer hiweisen, ginn
déi 125 Joer vermëttelt. (Foto vun den Uniformen)