Page 33 - testmergebrochureV0604
P. 33

Net ze vergiesen awer och all déi privat Leit an Entreprisen déi
            iwwert Joren de Veräin  finanziell ennerstëtzen.  Ze ernimme gëtt et
            och     «   Section   de   Marche,   Fanfare   de   Leudelange »     eng
            Sportsektioun déi  1975 aus der Leidelenger Musek eraus gegrënnt
            gouf.  (Artikel Hommage un eisen eelste Member).An de 70. an 80.
            Joren   sinn   et   en   etlech   nei   Ideen   ginn,   mat   Hausbaler,   Bal   zu
            Bettebuerg beim Lou, Bal mam Fausti, asw. Am Joer 2003 ass dunn
            awer iwwert eng nei Initiativ vum deemolege Buergermeeschter
            Rob Roemen, dee vill gemach huet fir d'Musek finanziel iwwert
            Sponsoring duerch d'Leidelenger Entreprisen ze ënnerstëtzen,   de
            « Supporter Club vun der Leidelenger Musek » gegrënnt ginn.  Méi
            duerzou an engem eegenen Artikel an dëser Broschür.

            Haut steet d'Musek finanziel relativ gutt do, well iwwert déi selleche
            Manifestatiounen déi organiséiert ginn, déi Concerte wou gespillt
            ginn, iwwert d'Gemeng an ons trei Sponsore de Joresbudget ka
            gedeckt ginn. Dëst fir déi néideg Instrumenter fir eis jonk Museker
            ze   kafen   oder   ze   leasen   an   all   néideg   Ausgaben   fir   e   gudde
            Fonktionnement vun eiser Musek ze garantéieren.


            Ernimme   muss   een   déi   immens   Aarbecht   déi   wwert   Joren   eis
            Keessieeën geleecht hun a leeschten. Hier Aufgab ass et d'Suen als
            «Bon père de famille» ze verwalten an et sou ze erméglechen datt
            de Veräin senger Haaptaktivität  nogoen kann.

            Déi meescht vun hinnen hun des Aktivität och iwwert laang Jore
            gemaach a woren dem Veräin trei verbonnen. Aus der jëtzeger
            Equipe sollt een awer och emol de Keessier, den John Engler, erfir
            hiewen deen dess Aarbecht mat deem néidegen Geschéck  schonns
            säit 1984 erleedegt.
   28   29   30   31   32   33   34   35   36   37   38