Page 35 - testmergebrochureV0604
P. 35

angeplënnert ass. Eréisch vill méi spéit am Joer 1927 beschléist de
            Comité eng Vergréisserung vum Musekssall, an zur gläicher Zäit
            d'Obriichte vun enger Bühn, an dee Beschloss ass dann och direkt
            verwiirklecht   ginn.   Esou   konnt   dann   och   vun   elo   un   all
            Theatheropféierung anm eegene Sall ofgehale ginn. Duerno dauert
            et dann rëmm 10 Joer bis de  Musekssall vergréissert gëtt, an och e
            Prouwesall dobäigebaut gëtt.An deem Prouwsall wor e bewegleche
            Buedem   installéiert   ginn,   deen   een   dunn   och   bei   Wald-   a
            Wissefester als Danzbuedem konnt gebrauchen.


            Aus finanzielle Grënn si just renovéierungen gemaach ginn wann et
            absolut néideg wor. Awer nom Krich, am Joer 1946 nodeems dat
            friemd Militär  sech am Musekssalll  aquatéiert hat,  huet missen
            eppes   ennerholl   ginn.   Och   wann   de
            Veraïn   säin   Uleies   oft   der   Gemeng
            virgedroen huet, sollt et dach bis 1961
            daueren bis d'Musek e neie n eegene
            Sall sollt kréien.  Déi beid Saite woren
            sech eenz datt e neie Sall misst gebaut
            ginn,   awer   och   hei   huet     et   un   de
            finanzielle   Mëttele   gehaangen.   Wéi
            dunn 1957 d'Gemeng den Terrain vum
            ale Musekssall gebraucht huet fir déi
            nei Schoul ze bauen, ass e Verglaich
            zustaane   komm,   wou   d'Musek   en
            Terrain  beim  Wäschbour krut,  an  en
            Subside   vun   200.000   Frang   (   5000
            Euro) an d'Holz wat gebraucht ginn ass fir de Bau koum as de
            Gemengebëscher. Ënnert dem President Nicolas Schosseler hunn
            d'Museker   dunn   an   Eegenaarbecht   sech   e   flotte   Prouwsall
            opgericht. Dese Sall konnt 1961 dunn feierlech ageweiht ginn an hat
            bestand bis de Centre Culturel an der Eech stong.Leider konnten am
            dem Prouwsall keng Concerte gespillt ginn. Dës sinn meeschten an
            der Sportshal iwwert d'Bühn gaangen.
   30   31   32   33   34   35   36   37   38   39   40