Page 38 - testmergebrochureV0604
P. 38

Wéi   schonns   geschriwwen   hat   d'Fanfare   1893   hieren   éischte
            Concert a bei der Kirmes den éischten offiziellen Optrëtt. Et ass gutt
            weiderschaft ginn a sou konnt se sech schonns de 14 Mee 1904 zu
            Wooltz   bei   engem   Festival   mat   net   manner   wéi   26   Musikante
            präsentéieren. Am Joer 1894  ass och d'Fanfare an d'Union Grand
            Duc Adolphe agetratt. (zu där Zäit  AVL haut UGDA), an huet sech
            dem Dagverband vun de Museken zu Lëtzebuerg ugeschloss.

            1905   huet   d'sech   d'Fanfare   zu   Rëmeleng   un   engem   Concours
            bedeelegt an ass hei mat engem 2. Prais belount ginn. 1911 zu
            Eteelbréck mat engem 3. Prais.

            Den 2 August 1914 huet «Fanfare de
            Leudelange» op engem Museksfestival
            zu Wooltz gespillt, op deem Dag wéi
            déi Däisch zu Lëtzebuerg amarschéiert
            sinn an den 1. Weltkrich ugefaangen
            huet.
            Während dem éischte Weltkrich huet
            d' Fanfare hier Aktivität net agestallt a
            sech   souwuel   bei   de   kiirckleche   a
            weltlëche   Festivitéite   betätegt   an   et
            sinn eng ganz Rei vu Concerte gespillt
            ginn. Leidelenger Musek hat souguer d'
            Eier no 1918 während e puer Joer bei
            der Schlussprozessioun vun der Oktav
            mat dobai ze sinn.

            D'Feierlechkeeten   1923   zum   30.   Gebuertsdag   vun   der   Fanfare,
            deemols ënner der Féiereung vum Här Mayer, woren   e grousse
            Succès.  Dësen   Anniversaire   gouf   fréi   Moies   den   23   July   mat
            Böllerschëss a Kackegelauts ageleed. Eierepuerte woren opgeriicht
            ginn an Nomëttes huet de Cortege d'Ronn duerch déi gerëscht
            Stroossen vu Leideleng gemaach. Et huet een bei där Geleeënheet
            gesinn wéi unerkannt a beléiwt d'Musek am Duerf wor.
   33   34   35   36   37   38   39   40   41   42   43