Page 34 - testmergebrochureV0604
P. 34

Hu   mer   virdrun   d'Instrumenter   ernimmt   déi   hu   misse   selwer
            finanzéiert ginn, sou si mer elo bei engem Prouwesall ukomm. Déi
            éischt   Prouwe   ginn   am   Café   Biwer   ofgehal   an   duerno   ginn
            d'Prouwen an Meederchersschoul verluecht.


            An den Anale vun 1896   fanner mer
            och ee Subside fir eng «construction
            d'une   barraque»   et   ass   awer   net
            iwwerbruecht   fir   wat   des
            Konstruktioun gebraucht gi wor. Mee
            bleiwe mer lo mol bei deser Thematik a
            behandelen   de   Wonsch   no   engem
            eegene Sall.


            Prouwen   an   engem   Café   an   och   an
            enger   Schoul   si   meescthens   mat
            technesche            Schwieregkeete

                                       verbonnen, well jo d'Lokalitéiten och
                                       fir   aner   Zwecker   benotzt   ginn.   No
                                       laange Verhandlunge mat der Gemeng
                                       ass   d'Plaz   niewend   der   Schoul   zur
                                       Verfügung   gestallt   ginn.   Huet   et
                                       schonns   un   Suen   gefeelt   fir   d'
                                       Instrumenter ze finanzéieren, sou wor
                                       de Bau vun engem Museksall nach vill
                                       méi schwéier ze stemmen. Dat Geld
                                       dat   gefeelt   huet   gouf   vum   Jacques
                                       Meyer virgestreckt an sou konnt den
                                       Entrepreneur   Henri   Pickard   schonns
                                       1904   den   éischte   Veräinssall   bauen.
            Nojee et wor e ganz einfache Prouwsall, primitiv, ouni Bühn. De
            Buedem wor aus Lehm, wou einfach Holzbänken als Sëtzplazen
            dropstungen, awer et wor der Musek hiert éischt richtegt Heem,
            wou dann och am Joer 1904 d'Fanfare de Leudelange feierlech
   29   30   31   32   33   34   35   36   37   38   39