Page 32 - testmergebrochureV0604
P. 32
Mee loose mer rëmm zréck bei dat leidlech Thema Finanze
kommen. D'Theateropféiereungen wore secherlech eng
Méglechkeet fit d'Keess ze fëllen, awer fir déi néideg Finanzen
zesummen ze kréien datt de Musekverän fonktionnéiert, hu
zousetlech Weeër misse fond ginn. Dëst duerch organiséieren vun
verschiddene Baler iwwert d' Joer oder soss Manifestatioun, wéi
Besch- a Wisefester An hei huet deemols wéi haut all Musker an och
hiet Emfeld eng Hand mat ugepaakt fir datt des Manifestiounen en
Erfolleg gi sinn an de Publikum zefriide wor.
Et wir secherlech net genuch Plaz hei fir ze all opzezielen, dofir fand
hei een Auszuch aus Zeitungsartikelen an Plakater .
Auszich Plakater
Iwwert Joren hat de Veräin awer ëmmer Leit déi himm gutt gesënnt
waren. Hei denke mir besonnesch un d' Buergermeeschteren vun
der Gemeng Leideleng déi villes op de Wee bruecht hunn fir datt de
Veräin haut sou do steet.