Page 36 - testmergebrochureV0604
P. 36

Haut   prouwt   enn   also   an   engem
            spetifeschen, der Musek zur Verfügung
            gestallte Gemengesall an der Eech, an
            d'Concerte   kennen   an   engem
            adaptéierten, flotten a grousse Sall an
            der   Eech,   deen  ronn  500  Leit  faasst,
            gespillt ginn.E Sall fir deen eis schonns
            etlech   Veräiner   aus   anere   gemenge
            beneid hunn.







            Presidente, Instrumenter, Fändel, Finanzen,   a Lokaler hu mer lo
            schonns behandelt, awer fir eng Musek ass et néideg eng gutt Hand
            ze hunn déi se  musikalesch  féiert.


            Musikanten an Dirigente hänken enk zesummen, an nëmmen wann
            et e gutt Zesummespill an e gudde Versteesdemech zweschend
            béide gëtt fonktionéiert dat Musikalescht am Veräin. Et kann ee
            soen datt   Dirigente niewend de Presidente d'Féierungspersoune
            vun engen Museksveräin sinn, a sou ass och direkt no der Grënnung
            dru  geduecht   ginn   een  Dirigent  anzestellen  fir   de   musikalesche
            Kader ze schafen an d' Museker  weider um Noteliesen auszebilden
            oder hinne et souguer emol rischt baizebrëngen.  Och wann dëst zu
            Där Zäit schonns vill Geld kascht huet.

            An der Persoun vum Här Pommerelle ass deen éischten Dirigent
            engagéiert ginn asou konnt dunn direkt mat prouwen ugefang ginn.
            Och wann, wéi een an der Opzielung gesait, d'Dirigente  relativ oft
            gewieselt hunn, huet dëst der musikalescher Entwéckelung vum
            Veräin net geschuet.
   31   32   33   34   35   36   37   38   39   40   41