Page 40 - testmergebrochureV0604
P. 40

zu   Lëtzebuerg   gespillt   huet,   sou   ass   dët   lo   erweidert   ginn,   an
            zousetzlech ass sech och un Museksconcoursen bedeelegt  ginn, an
            dat mat Succès.


            1954 ass sech bei engem UGDA concours een 1. Präis erspillt gin.
            1961 zu Ettelbréck, 1965 zu Bissen, 1967 zu Bonneweg, ëmmer ass
            sech een éischte Präis erspillt ginn, wat mat enger Auszeechnung an
            engem Opstieg an eng méi héich Divisioun belount gouf.

            Duerch   eng   gutt   Zesummenaarbecht   mat   anere   Leidelenger
            Veräiner, wat Verdengschter vun den deemolege Presidente waren,
            sinn   eng   ganz   Rei   nei   a   flott   Aktivitäten   entstaanen,   wéi   zb.
            Cecilefeier mat dem Gesangsveräin «Chorale St. Cecile» ze feieren.


            Et ass also musikalesch richteg gutt geschafft ginn am Veräin iwwert
            all déi Joren. An dëst sollt dann och bei dem 75. Gebuertsdag vun
            der Musek am Joer 1968 zum Ausdrock kommen. Mat engem flotten
            Programm iwwert eng ganz Woch vum 6 bis 14 Juni an enger flotter
            Festbrochür   huet   sech   «Fanfare   de   Leudelange»   iwwert   seng
            Duerfgrenzen eraus gewissen. Mat engem Concert vun der Fanfare
            de Leudelange ënnert der Leedung vum Jean Mohr ass d'Festwoch
            ugefaange  ginn, an iwwert eng Woch hu lëtzebuergesch  Museken ,
            an   och   de   Musikverein   Harmonie   Osburg,   fir     musikeleschen
            Héichpunkte gesuergt. Den Ofschloss vun der Festwoch ass mat den
            offizielle Evenementer agelaut ginn. E   Cortège duerch Leideleng,
            mat selleche Museksgesellschaften aus Lëtzebuerg,  mat de Veräiner
            an de politesch Verantworleche aus Leideleng, befir feielech den
            neie Fändle un d' Fanfare de Leudelange iwwerreecht gouf, muss hei
            ernimmt ginn. Duerno huet Fanfare de Niedercorn e Galaconcert
            gespillt, an ofgeschloss sin d'Feierlechkeete ginn mat negem flotte
            Bal. ( de genaue Programm an der Brochür 75 Joer)
   35   36   37   38   39   40   41   42   43   44   45