Page 45 - testmergebrochureV0604
P. 45
hei am Land, mol iwwert Grenzen eraus no Frankraich, Holland oder
an d'Belge. Stroosbuerg, Antwerpen, Den Haag, Nice vun 1946 bis
1953 fir e puer Beispiller ze nennen. An de 70.,80 an 90. Joren sinn
a besonnescher Erënnerung d'Ausflich op Davos, Bellaria an
Antwerpen.Awer och an de leschte 15 Joer ass dës wertvoll Initiativ
net verluer gaangen.
Des Ausflich déi zu engem gudden Zesummenhalt ënnert den
aktiven an inaktive Memberen vum Verain bedroen, sollte méi sinn
wéi nëmmem Ausflich. Meeschtens huet een bei där Geleeënheet
och nach deen een oder anere Concert gespillt, mol offiziell a virwat
net och mol onoffiziell owes beim Swimmingpool, a fir Stëmmung
gesuergt. Keelespillen ass e mol gaangen a Feschen um Weiher ass
eng Initiativ déi regelméisseg a mat groussen Succès stattfënd.
Jugend an der Leidelenger Musek ass ëmmer grouss geschriwwe
ginn. Wéi schonns geschriwwen ass direkt no der Grënnung een
Dirigent agestallt ginn fir sech de jonke Leit unzehuel déi Musek
wollte spille léieren. An sou ass dat iwwer Joren ëmmer
weidergaang . D'Integratuioun vu jonke Museker an de Veräin ass
ëmmer gutt gelongen.
Un d'Jugend huet de Rob Roeme geduecht an 2008 eng wichteg
Initiativ a Punkto Jugendaarbescht am Verain ergraff. Ennert «Vum
UGDA-Ensemle instrumental zu de „Crecendi“.» ass beschriwwen
wat dëst bedeit huet, an wéi an de leschte Joren des Initiativ
weiderentwéckelt ginn ass.
Aarbeschtssetzungen mat der Leidelenger Musekkommissioun an
der UGDA Musekschoul, Kontakter mat neie jonke Musiker an hiren
Elteren, Worshopen, Info Owender fir d'Elteren, jee an der
Leidelenger Musek ass een vun 2014 remm méi aktiv op d'Leit
zougaang.