Page 47 - testmergebrochureV0604
P. 47
Musikant sinn war iwwert all déi Joren net einfach. De Spaass un der
Musek huet awer duerzou bäigedroen datt een bäi de selleche
Prouwen, Concerten, weltlechen a kulturellen Aktivitäten mat der
Leidelenger Musek um Dill wor.
Sinn an de Joren och schonns mol deen een oder anere Musikant
aus der Musek verschwonnen, sou sinn duerch Zouwanderung an
d'Duerf oder iwwert Kollegen ëmmer rëmm d'Reie hannert dem Pult
gefellt ginn.
Zu enger Zäit wor et net einfach well d'Prouwen op Samschdes
geluegt goufen, an een sech huet misse fir de Sport oder fir d'Musek
entscheeden. Doduerch sinn natierlech e puer Leit fort gaangen, et
muss een nun eemol eng Entscheedung treffen. Haut leien Prouwen
an der Woch an d'Fro stellt sech net méi.
Et kënnt e sécherlech nach vill iwwert d'Leidelenger Musek
schreiwen. Et ass eng Success Story. Sollt hei deen een oder anere
sech net eremfannen dann sécher nëmme well mer net genuch Plaz
hunn fir alles ze schreiwen. All déi Erfarung déi mir an deenen
vergaangenen 125 Joer gesammelt hunn ass iwwert Joren vun den
aktive Memberen, vun den Dirigenten a vum Comité
weidergedriwwe ginn an d' Leidelenger Musek huet sech der Zäit
ugepasst an ass haut zäitgeméiss opgestallt.
Jonk an manner Jonk Museker, Fraen a Männer stinn haut fir
Traditioun, Zesummenhalt, Frëndschaft a Freed un der Musek. Eng
schéi Geschicht déi schonns 125 Joer undauert an an déi nächst
Etape geet.
Nulla vita sine musica.
Guy Grosber