Page 46 - testmergebrochureV0604
P. 46

Mat Erfolleg, well haut ass dësen Ensemble  d'Sprongbried fir an déi
            „Grouss“ Musek. Bei de „Leidelenger Crescendi „sëtzen haut eng  30
            jonk Musiker hannert dem Pult. Haut 2018 ginn   et schonns en
            ëtlech Jonker déi de Wéi an d'Leidelenger Musek  gepackt hunn.


            Datt d'Jugendaarbescht sech bezuelt mischt beweist net nëmmen
            den héije Niveau vun eise Jonken am Orchester. Och Talenter sinn
            iwwert déi lescht 25 Joer aus der Leidelenger Musek erfir gaangen.

            Ze ernimmen sinn 4 Musiker an der Fanfare ugefaang hunn an de
            Konservatoire zu Lëtzebuerg gemaach hunn an aus der Musek hire
            Beruff gemaach hunn.  De Raoul Christophe, Militär Museker, Chef
            vun Opus 78, asw..., a fantasteschen Tropetist, deen haut nach an
            der Leidelenger Musek spillt. D'Nadine Kaufmann wat Saxophon
            spilt an sech haut op de Bühnen am Land präsentéiert fir de Kanner
            musikalesch Märecrcher ze erzielen. Den Francois Breger deen an
            der Réidener Musekschoul als Chargé de Cours schafft. Souguer an
            d'Ausland huet et Leit verschloen an hei schwätze mer vum Max
            Mausen deen op der Klarinett e Meeschter ass, seng Etuden an
            England op der d Guildhaal School of Music an d''Drama zu London
            gemaach   huet   an   haut,   an   haut   souwuel   ee   Solo   wéi   eng
            Orchesterspiller ass.


            Zu ernimme sinn awer och e ganze Koup Musikanten déi iwwert
            Joren der leidelenger Musek trei bliwwe sinn. Oft schonns an 2. oder
            3. Generatioun. An deem Zesummenhang ass opgefall datt 3 vun
            eisen aktive Musikanten schonns 3 mol bäi Anniversairen dobäi
            woren. (75, 100 an 125)




            Dëst sinn den John Engler, de Fernand Heirens, an de Roger Hintgen.
            Awer och schonns 68 sinn et e puer jonk Musikante ginn déi net an
            der Broschür stongen awer déi aktiv an de Solfègecoursen waren.
   41   42   43   44   45   46   47   48   49   50   51