Page 44 - testmergebrochureV0604
P. 44
2012 huet de Jean-Marie Grimler, och e Militärmuseker,
d'Successioun vum Josy Langers iwwerholl. De Josy kann sou op déi
bis elo längsten Zäit als Dirigent hei zu Leideleng zréckkucken,
nämlech zesummen an deenen zwou Mandadsperioden 27 Joer.
Eppes wat dem Josy nogesot gëtt ass dat hien Gedold hat mat de
Museker an och ganz gutt erkläre konnt. Noddems de Jean-Marie
Grimler d'Leedung iwwerholl hat konnt d' Musek sech annescht
weiderentwéckelen, ass haut zäitgemees opgestallt an huet an hiere
Reien Museker vun all Alter. Jonk, manne a manner jonk Museker
setzen zesummen hannert dem Pult a ginn hierer Passioun no. De
Galaconcert', an de Wanterconcert sinn haut e feste Bestanddeeler
vum kulturelle Kalenner zu Leideleng
Gesellelegkeet am Veräin ass et vun Ufank un ginn. No de Prouwen
zesumme sinn an poteren ass net déi eenzeg Aktivitéit an deem
Beraich. Am Joer 1911 ass deen éischten Ausfluch organiséiert ginn
op d'Austellung op Bréissel. Duerno sinn et där Ausflich e sellëche
ginn, wann d'finanziell Situation et zougelooss huet. Mol woren se