Page 41 - testmergebrochureV0604
P. 41
D'Zäite hu geännert an et ginn ëmmer méi Mëttele gebraucht fir
dem Veräin de néidege finanzielle Kader ze ginn fir musikalesch och
gutt ze fonktionéieren. Och hei sinn Museker mat ganzem Härz
dobai an hellëfen iwwerall mat.
Wéi no 23 Joer Schaffes den Jean Mohr den Dirigentestaf un sai
Schwoer de Josy Langers ofgëtt, deen virdru schonns mol bei der
Fanfare ersat hat, ginn nei Weeër getrëppelt fir sech fir d'Ausbildung
vun jonke Museker an der Fanfare anzesetzen.
Awer och aner Inititaitiven hunn sech entwéckelt. Sou sinn an de 70
Joren ënnert der Leedung vum Paul Reicher och «Leidelenger
Duerfbléiser» entstan, an dat souwuel aus Freed un der Musek
souwéi och fir d'Finanzen vum Veräin ze verbesseren, an dëst
iwwert e sellëchen Aktivitäten am Duerf an ausserhalb. Duerfbléiser
hunn eng ganz Rei Joeren existéiert, hu fir déi néideg Stëmmung op
de Kiremesbaler gesuergt, an et sinn souguer eege Stécker fir si
komponéeirt ginn vum Josy Langers, bis déi Zäit e beemol op en Enn
ganngen ass. D'Fanfare de Leudelange huet regelméisseg Concerten
op der Place d'Armes an an Parc Merveilleux zu Bettebuerg gespillt.
An souguer ass iwwert Joren un der Iechternacher Sprangpressioun
deelgeholl ginn.
Awer d'Entwéeckelung huet net därfe stoe bleiwen an Mettële déi
agesat gi sinn fir d'Jugend der Zäit ugepasst ginn. Déi vun der
Leidelenger Gemeng 1973 ageféiert Solfègecoursen huet de Josy
Langers iwwerholl an weiderentwéckelt, so datt déi jonk Frënn vun
der Musek nom 1 Joer Solfège am 2te Joer schonns mat engem
Instrument konnten Bekanntschaft maachen. Dëst huet secherlech
d'Freed un der Musek gesteigert. Och hu sech Schüler vun him no
den Aféiereungscoursen am Konservatoire zu Lëtzebuerg
ageschriwwen. Sou konnt iwwert des wertvoll Aarbecht d'Fanfare
jonk an ausgebildte Musker an hier Reien ophuelen, wat zu enger
Steigerung vum musikalesche Niveau vun der Fanfare baigedroen
huet.