Page 39 - testmergebrochureV0604
P. 39

Iwwert      Joren     wor      den
            Aktivitätskalenner vun der Musek gutt
            gefëllt
            a sou kann een hei erfir hiewen datt d
            Musek sech natiirlech bedeelegt huet
            zu   de   Festivitäten  vun   der   grousser
            Onofhängegkeetsfeier          1939
            (Centenaire);   et   ass   e   grousse
            Galaconcert gespillt ginn an et wor ee
            mat dobai beim historesche Cortège
            fir d'Feierlechkeeten.

            Awer kuerz no der'Onofhängegkeetsfeier, ass onst d Land  1940 am
            Mee   vun enger friemer Herrschaft iwwerfall ginn, an hei ass d'
            Fanfare och net dovu verschont ginn . Sou ass  huet beschloss ginn,
            nodeems de Fändel beschlagnahmt gi wor, a nom Verbuet vun alle
            net vum Okkupant genehmegten Organisatiounen, d' Aktivitäten
            anzestellen.

            No   der   Liberalisatioun   am   September   ass   d'Veräinsliewen   erëm
            opgeholl ginn, d'Instrumentere woren zwar an engem miserabelen
            Zoustand, an de Fändel deen zu Lëtzebuerg ëremfond gi wor wor ass
            1948 duerch een neien ersat ginn.


            1946 hat den René Hemmer d'Leedung vun der Musek iwwerholl,
            mat dem Zil de musikalesch Weiderentweekelung vun der Fanfare,
            no   de   Krichsjoren   ouni   Aktivität,   ze   fërderen.     Hie   war
            Militärmuseker, a wa mer sou zreckkucken haten mer zu Leideleng e
            ganze Koup Militärmuseker als Dirigente, och haut. Mat hierem
            Kënnen hu si de Veräin musikalesch op e ganz heije Niveau bruecht.

            An de 50. Joren hunn d'Aktivitéiten vum Veräin nees eng richtegen
            Opschwong kritt. Och wann een an all de Jore no der Grënnung net
            nëmmen zu Leideleng fir dat  musekalescht Encadrement gesuergt
            huet, a schonns ëmmer Concerten bei Frënn an anner Lokalitéiten
   34   35   36   37   38   39   40   41   42   43   44