Page 43 - testmergebrochureV0604
P. 43
Sou eng Feier brengt emmer nees nei Motivatioun an e Veräin an
sou ass sech net ausgerout ginn mee no vir gekuckt. Nei Aktivitäten
sinn dobai koum wéi z.b. den Emzuch vum Kleeschen an der Stad.,
Äppelfest, Playbackshows, Fréijoersconcert a Kirmesconcert.
1997 gett aus der «Fanfare de Leuelange» eng asbl mat dem Numm
«Leidelenger Musek».
D'Iddi vun den «Duerfléiser» ass vum Frank Fonck rëmm opgegraff
ginn an sou sin «Leidelenger Musikussen» rëmm 2008 entstan, déi
mat hierem Chef dem Frank an dem Myriam Heirens als Chef adjoint
an als Sekrétair eng flott Equipe vun 34 Musikante féieren, déi
eruechtert d' Land an zu Leideleng bei Duerffester a soss
Geleeënheete fir eng flott Atmosphair suergen.
1999 wiéi de Romain Geimer den Taktstaf ofginn guet, wor natiirlech
d'Fro ween hie giff ersetzen. Duerch e glécklechen d'Zoufall konnt
de Josy langers sech nees bei den Unhéierunge fir deen neie
Dirigent virstellen, an de Comité an d'Museker hunn sech fir hien
ausgeschwat an dem Josy seng 2 Manadtszäit huet ugefang. Hat de
Josy schonns 1988 e March fir d'Leidelenger Musek komponéiert,
sou huet hien sech d'Freed gemaach fir dat nach emol fir 111 Joer
Musek am Joer 2004 a fir de 150 Gebuertsdag vun der Gemeng
2006 ze realiséieren.
Et ass musikalesch vill geschafft ginn, dëst och duerch d'Aféieren
vun Musekstagen, an d'Leidelenger Musek konnt hiere Niveau
immens verbesseren an huet bei verschiddene Concoursen exellent
ofgeschnidden, souguer mat engem «prix avec distinction» Déi
fréier Iddi vum « Leschtegen Owend» ass rëmm opgegraff ginn. Et si
Museksstécker an Texter (Josy Langers an Pierre Haas) komponéiert
ginn, an mat engem immens groussen Erfolleg huet d'Publikum der
Musek merci gesot fir d'Soireeën am de Joren 2000 an 2003.