Page 42 - testmergebrochureV0604
P. 42

Des Aarbecht huet hir Friichte gedroen an den 80 an 90 Joren sou
            datt een eng ganz Rei vu jonken Musiker an Talenter an der Musek
            hat, dee och op sech opmierksam gemacch hunn bei Concoursen am
            Ausland a bei deene vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng
            Leideleng organiséierten „Auditions musicales“

            De musikalesche Programm ass an de Joren ëmmer méi gewues an
            d'Musek huet sech souwuel un alle weltlechen an religiöse Fester zu
            Leideleng bedeelegt, nei kulturell Aktivitéiten zu Leideleng ageféiert,
            wéi de lëtzebuerger Owend, Mulenowend, Traipenowend oder nees
            musikalesch Owender wéi d'leschteg Owender ageféiert. Kuckt een
            an   den   Aktivititätbericht   aus   de   70   Jore   bis   haut   da   ass   et
            fantastesch ze gesinn wou schonns iwwerall e Concert gespillt ginn
            ass. Erauszehiwen aus hei secher och de Waimoart ze Méichtem
            wou d'Fanfare schons zenter den 80. Joren ëmmer wëllkoum ass fir
            e   Concert   ze   spillen.   Doteschend   sinn   awer   och   e   sellëchen
            Aktivitäten aus der Rei ginn, wéi d' Calvalkaden zu Wincheringen an
            nach anerer. Bei Ouvertueren vu onsen groussen Entreprisen déi
            sech hei zu Leideleng implémentéiert hunn ass Präsenz gewise ginn,
            an natiirlech wann sech ee vun eise Musikante bestued huet wore
            mer dobai.

            Vun 1989 bis 1999 woren als Dirigenten déi Hären Norbert Pegel,
            Norbert   Valmorbida   an     Romain   Geimer   an   der   musekalescher
            Verantwortung.   Ennert   dem   Romain   Geimer   sin   dann   och   d'
            Festlechkeeten vum 100 Anniversaire vun der Fanfare 1993 iwwert
            d'Buehn gaangen.

            D'Festivitäten déi sech iwwert Mee, Juni a July 1993 ersteckt hunn
            haten e grousse Succès. Déi enorme Vielfalt vum Programm, de neie
            Fändel, an déi nei Unniformen hu mat   duerzou baigedroen. Den
            Héichpunkt wor den 11 July 1993 mat der Aweihung vum neie
            Fändel, dem Cortège, deen a Steereform an duerf koum, an dem
            Ofschloss Concert vun der Harmonie Munipale de Luxembourg –
            Eich.
   37   38   39   40   41   42   43   44   45   46   47